Hëllef an Fleeg

  • null

    Ären Hausdokter

    Dir kënnt ären Hausdokter oder ären Spezialist fräi wielen. D’Mataarbechter aus dem soins hëllefen iech gären bei der Gestioun vun ären rendez-vous’en respektiv bei der Organisatioun vum medezineschen Kontakt.

     

  • null

    E kompetent an opmierksaamt Team

    Eis gesamt Equippen an och d’Benevolen déi bei eis kommen këmmeren sech an all Diskretioun ëm äert Wuelbefannen. Dest interdisziplinäert Team besteet aus medezinechem Fachpersonal, aus Betreiungspersonal an aus Benevolen. D’Equipe aus dem soins këmmert sech ëm déi kierperlech, psychologesch an spirituell Besoin’en. Eis Mataarbeschter hunn ëmmer eent oppent Ouer fir all Bewunner vun der Residenz an erméiglechen doduerch een Liewen an Rou an am ugepassten Rhythmus vun all Mënsch.

    Mir bidden den Mataarbechter reegelméisseg Formatiounen un, fir hiert Wëssen op den neisten Stand ze bréngen an fir hinnen ze erméiglechen richteg op är Besoin’en anzegoen.

    D’Infirmièresequipe suergt mat grousser Confidentialitéit fir är Gesondheet an Wuelbefannen. An enker Zesummenaarbecht mat ärem Hausdokter, schaffen d’Infirmièren no den Reegelen vum Beruff. D’Infirmièren kennen sech och em d’Gestioun vun ären Traitementer këmmeren, déi vun der Apdikt an d’Haus geliwwert kennen ginn.

    D’Fleegepersonal aus der Residence Belle Vallée lauschtert iech mat der néideger Empathie an mam néidegen Professionalismus no. Si hëllefen iech bei den deeglechen Ufuerderungen an si sin Dag an Nuets disponibel.

    D’Betreiungsequipe bitt iech geselleg an amusement Momenter souwuel am Grupp wéi och Eenzel, sou wéi et grad fir iech néideg ass.

  • null

    Zesummenaarbecht mat verschiddenen Equippen

    Fir äert kierperlecht an séilescht Wuelbefannen nach ze optimiséieren, schaffen mir mat externem Kinésithérapeuten, Ergotherapeuten an Psychologen zesummen. Jee no Besoin kommen si an d’Haus an schaffen individuell mam Bewunner.

     

  • null

    Bluttanalysen

    Am Fall vun enger medezinecher Prescriptioun fir Blutt/Urinprouwen, organiséieren eis Equippen den Passagen vum Laboratoire am Haus. Souwuel ären Dokter wéi och d’Infirmièren vum Haus kréien d’Resultater vun dësen Analysen.

     

  • null

    Permanent Assistenz

    Wärend 7 Deeg an der Woch an iwwer 24 Stonnen pro Dag sinn eis Mataarbechter fir iech do.

    Bei der Admissioun kritt dir en Aarmband mat engem Alarmknapp, wou dir zu all Moment Hëllef ruffen kënnt. Dëse Schellesystem ass direkt dag an Nuecht mat der Fleegeequipe verbonnen, déi iech hëllef kënnt.

  • null

    Famill an Frënn

    Souwuel är Famill wéi och är Frënn sinn bei eis zu all Moment häerzlech wëllkomm. Dir kënnt si zu all Moment an ärem Logement oder an der gemeinschaftlecher Stuff empfänken an mat hinnen zesummen un den Aktivitéiten vum Haus deelhuelen.

    Dir hutt och d’Méiglechkeet, är Famill an Frënn fir een gemeinsaamt Mëttegiessen oder op eng Taass Kaffi bei eis z’invitéieren.

    Fir d’Gesamtbetreiung vum Bewunner vun der Residenz, ass et eiser Direktioun an eisen Mataarbechter den gudden Kontakt zu den Familljen an den Frënn vun den eeleren Mënschen ze fleegen. Duerch permanenten Austausch geléngt et eis, deen beschten Wee fir all Mënsch ze fannen. Mir bleiwen ëmmer oppen fir Bemierkungen an Suggestiounen an notzen déi, fir eis Servicer an Déngschtleeschtungen permanent ze verbesseren.

  • null

    Benevolat

    Fräiwëlleg Mataarbechter schenken eis hier Zäit an hiren Engagement fir zousätzlech Aktivitéiten an den Alldag z’integréieren. Si ginn als Supplement vun den alldeeglechen Servicer ugebueden an kënnen ganz ënnerschiddlech sinn. Dank den Benevolen kënnen d’Bewunner vun der Residenz vill schéin an matfillend Momenter erliewen.

    Wéi kënnt dir ons bei eiser Missioun ënnerstëtzen ?

    Hutt dir Loscht iech bei eis op fräiwëlleger Basis ënnert d’Äerm ze gräifen ? Dir kënnt eis gären är Virschléi soen.
    Entweder dir kontaktéiert ons direkt oder iwwert eis Mailadresse info@bellevallee.lu .

  • null

    Service de coiffure / pédicure

    An eisem Coiffeurssalon kënnt dir iech är Hoer vun engem professionellen Coiffeur d’Hoer maachen loossen. Och fir Manikür, Maquillage oder Epilatioune kann den Coiffer iech hëllefen.

     

FR | LU