Den Accueil
Dir fannt bei eis een Accueil deen zevirkommend ass an deen sech ëmmer beméien wäert, är Erwaardungen ze erfëllen. D’Receptioun mécht net nëmmen den Accueil vun den Leit vun baussen, en reegelt och d’Telefonszentral an bitt iech perséinlech Hëllefen un fir ären Alldag ze erliichteren (Renseignementer, Reservatioun fir en Taxi oder soss Transportmëttel, Post, asw)
D’Terrasse an de Gaart
D’Terrasse fannt dir bei der Entrée vum Gebai, eng gemittlech Platz déi besonnesch oft vun den Bewunner vun der Residenz genotzt gëtt. Et ass eng Platz vun der Begéinung mat aneren Bewunner, mat Besucher vun der Residenz oder mat den Mënschen aus dem Quartier. Am Fréijoer an am Summer hutt dir d’Méiglechkeet, iech bei der Fleeg vun Planzen an Blummen déi an Héichbeeter stinn, ze bedeelegen. Eis Terrasse kann dat ganzt Joer iwwer genotzt ginn well een och bei schlechtem Wieder geschützt ass. D’Vue vun hei op d’Péitrussdall ass dobäi een klengen Plus.
Mir plangen, eisen Gaart nei z’amenagéieren fir den Bewunner eng zousätzlech Méiglechkeet ze bidden, bei schéinem Wieder sech dobaussen opzehalen.
Eng klimatiséiert Stuff an Iesszëmmer
Déi klimatiséiert Stuff fann dir um rez-de-chaussée mat Vue op d’Péitrussdall. Hei kennt dir déi aner Bewunner aus dem Haus, resp. Frënn an Famill treffen. An dëser gemittlecher Atmosphäre kennt dir déi gesellegst Momenter hei erliewen. Och bei waarmen Temperaturen bleift et hei gemittlech, well den Raum klimatiséiert ass. Mir zervéieren op Wonsch hei, zu all Moment Gedréngs.
Och d’Iesszëmmer fannt dir um rez-de-chaussée. Op groussen ronnen Dëscher kënnt dir an engem familiären Kader an zesummen mat den aneren Bewunner vun der Residenz är Moolzechten anhuelen. Dir kënnt är Platz no der Disponibilitéit aussichen an genéisst déi regional Kichen bei interessanten Gespréicher.
Dat gemeinsaamt Iessen ass een wichtegen Moment am Dag. Är Frënn an Familljememberen sinn häerzlech wëllkomm.
De Chefkach huet fir all Fro oder Suggestioun een oppent Ouer.
Een professionnellen Restauratiounsservice
Souwuel mëttes an owes kann an der klimatiséierter Salle à manger déi regional Kichen degustéiert ginn. D’Iessen gëtt an eiser Kichen frësch zoubereet an Zesummenaarbecht mat den Mataarbechter vun Dussmann Services.
De Chefkach mat senger Equipe preparéieren iech dräi verschidden Moolzechte pro Dag an zousätzlech eng Tëschemoolzecht am Nomëtteg. Fir hier Menü’er benotzen si frësch saisonsbedingt Produit’en déi bei regionalen Ubidder akaaft ginn. D’Moolzechten passen sech dem Besoin vun dem eeleren Mënsch un. Selbstverständlech gehéiert d’Preparatioun vu verschidden Regimmer och zu der Déngschtleeschtung.
Duerch den direkten Kontakt mat den Bewunner vun der Residence Belle Vallée, léieren mir déi perséinlech Goût’en an Wënsch vun den Bewunner kennen, wat eng wichteg Roll spillt fir d’Reussite vun eisen Menü’en. De Chefkach ass fir all Fro oder Suggestioun fir iech do.
Mir envisagéieren een Service « Mëttesdësch » fir eeler Mënschen aus dem Quartier unzebidden. Esou schléissen sech nei Kontakter mat Mënschen vun ausserhalb an mir hunn ganz animéiert Gespréicher wärend der Iessenszäit.
E klenge Buttek innerhalb vum Haus fir Är deeglech Besoin’en
Dëse klengen Buttek erméiglecht et den Bewunner vun der Residenz, Produit’en ze kafen, déi si fir hiren Alldag brauchen, wéi z.B. Hygiène oder Papeterie. Natierlech fënnt een hei och Séissegkeeten, déi der Moral gutt dinn wéi Schockela, Kichelcher an awer och salzeg Schneekegkeeten.
Des Artikel, grad ewéi och Gedrénks, kennen op Demande hin och an d’Zëmmer bruecht ginn.
Den professionnellen Entretien vun Ärem Logement
Äert Zëmmer, respektiv äert Appartement gëtt reegelméisseg vun engem Member vum Nettoyage gebotzt. D’Mataarbechter vun der Botzequipe sinn all Dag, vun Méindes bis Sonndes, fir iech do.
Och d’Gemeinschaftsraim ginn all Dag vun der Botzequipe proppergehaalen.
Buanderie fir Är perséinlech Wäsch
Fir d’Nodeeler vun enger industrieller Botzerei ze vermeiden, hu mir an der Résidence Belle Vallée eis eege Buanderie, wou mir eis souwuel ëm d’Wäschen, d’Strecken an em den Entretien vun ärer perséinlecher Wäsch këmmeren. Och hei setzen mir alles drun fir iech een perséinlech Service ze bidden deen sech no ären Besoin’en riicht. Mir bleiwen oppen fir all Fro oder Suggestioun.
Fräizäitgestaltung
Zesummen mat iech setzen mir alles drun, och är Fräizäitaktivitéiten positiv ze gestalten. Verschidden Aktivitéiten ginn souwuel vun den Mataarbechter an awer och vun den Benevollen ugebueden. Duerch des Aktivitéiten suergen mir souwuel fir flott, amusant Momenter zesummen mat den Bewunner, wéi och een geziilt Schaffen un ärer Mobilitéit, un der Memoire oder den sozialen an intergenerationellen Austausch.